Äre Partner fir Hardware, Software an Netzwierk Léisungen

Säit 2004 bidde mir Computer Service a Berodung fir Privatleit a Geschäftsleit bei eis am Atelier oder bei Iech op der Platz un. An eisem Computer-Buttek fannt Dir alles ronderëm de Computer. Vu Kabele, Kartusche bis WLan Repeateren, Ecran'en, Druckeren an nach vill méi.

Fir d'Geschäftsleit bidde mir komplett Netzwierk Infrastrukture vun der Berodung bis zur Installatioun mam Service après Vente. Mir sécheren de Reseau mat moderne Firewall'en, suerge fir déi richteg Server- a Cloud Léisungen a sécheren alles mat Backup Léisungen, wou geséchert Daten net méi nodréiglech kompromettéiert kënne ginn an dofir am Noutfall disponibel bleiwen.

Ëffnungszäiten Méindes – Freides
Telefon a Support vun 08:00 – 12:00
13:30 – 17:00
De Buttek vun 09:00 – 11:30
13:30 – 17:00
Tel. 26 74 12 - 1
Made in Luxembourg SDK SuperDrecksKëscht — Labelpriméiert
Leeschtungen

IT-Léisungen aus enger Hand

Fir kleng, mëttelgrouss Betriber a Privatpersounen.

Hardware

Verkaf vu Computermaterial, Peripherie an Accessoiren — op Wonsch kënne mir Äre Computer baue loossen, wéi Dir et wëllt.

Reparaturen

Egal op an eisem Atelier oder bei Iech doheem, mir flécken all Marke vu Windows Computeren.

Service a Support

Mir hëllefen Iech bei egal wéi enge Computer Problemer via Teamviewer oder bei Iech Doheem.

Server- & Client Netzwierker

Vun der Berodung, der Installatioun an dem Support bidde mir Iech passend Solutioune passend zu Äre Geschäftsaktivitéiten.

IT-Sécherheet

Mir sécheren Äre Reseau mat passende Firwall'en, Antivirus a sécheren net kompromettéierbar Backup Solutiounen of.

Monitoring a Patch Management

Mat Monitoring kënne mir proaktiv am Viraus schon erkennen, op et an Ärer IT-Infrastruktur zu Problemer komme kann, an dës dann am Virfeld evitéieren.

Iwwer eis

Eng Lëtzebuerger Firma mat iwwer 20 Joer Erfahrung

D'Firma Eye-T S.à r.l. ass am Joer 2004 vum Claude Theisen gegrënnt ginn an huet sech zanter deem zu enger fest établéierter IT-Firma zu Lëtzebuerg weiderentwéckelt.

D'Eye-T S.à r.l. betreit kleng a mëttelstänneg Entreprisë bei allem wat sech ëm d'Netzwierk-Infrastruktur dréint a bitt och den néidege Support a Service un.

Des Weideren bedreift si e Buttek mat direkter Vente wou een eng Berodung ka kréien oder och einfach direkt Accessoire rondrëm de Computer kafe kann.

Houfreg ass d'Gesellschaft op hiren Atelier, wou si all Marke vu Computere mat Windows fléckt an esou e wichtege Bäitrag fir d'Nohaltegkeet leescht. Duerch dës Offer ass d'Eye-T S.à r.l. och 2026 mam Label "Made in Luxembourg" belount ginn.

Kontakt

All Kontaktdaten op engem Bléck

Per Telefon, E-Mail oder direkt op der Plaz zu Manternach — mir mellen eis sou séier wéi méiglech zréck.

Adress 2C, op der Gare L-6850 Manternach, Luxemburg
Telefon 26 74 12 - 1
E-Mail info@eye-t.lu