Kontakt

Generic helpdesk lady

Öffnungszeiten

  • Montags bis Freitags
  • von 08:00 bis 12:00 Uhr
  • von 13:30 bis 17:30 Uhr

Support

Eye-T Remote Support via Teamviewer

AVIS FIR DE PUBLIC

RESTRIKTIOUNEN DÉI VUM 26.10.20 U GËLLEN

 

Wéinst de séier klammende COVID-19 Infektiounen gëlle fir de Public vun e Méindeg, de 26. Oktober 2020 un folgend nei Restriktiounen wat den Zoutrëtt zu eisem Gebai betrëfft:

Maskeflicht gëllt weiderhin am ganze Gebai. Desinfektiounsspendere stinn dem Public zur Disponibilitéit a mir bieden Iech och Är Fanger beim Betrieden a beim Verloosse vun eisem Gebai ze desinfizéieren.

Den Zougang an eisem Shop gëtt limitéiert op ee Client oder eng Koppel. Bausse virun der Entrée’s Dier ass eng gréng/rout Luucht, déi Iech affichéiert wéini Dir erakommen dierft. Mir bieden Iech wéinst den Distanzen an dem Wieder bei rouder Luucht um Parking am Auto ze waarden.

Fir datt d’Waardezäiten esou kuerz ewéi méiglech ginn, kann een eppes bréngen oder siche kommen, mee mir maache keng Verkafsgespréicher méi am Shop. Dëss kann ee ganz gutt per Telefon oder Videokonferenz maachen.

Mir fuere weiderhi bei eis Client’en eraus, mee probéieren och dëss Asëtz ze limitéiere wa mir och via Télémaintenance hëllefe kënnen. Mir bieden och eis Client’en fir de ganzen Zäit de Mask unzehalen, wa mir bei Iech op der Platz si fir Iech an eis ze schützen.

Fir d’Kontinuitéit vun eise Geschäftsaktivitéiten an eisen Zerwisser ze garantéieren wäerten och eis Mataarbeschter esouvill wéi méiglech aus dem Home-Office operéieren.

Mir soen all eise Client’en am Viraus scho Merci fir d‘Verständnis. Dëss Reegele si geduecht fir d’Gesondheet vum Public an eise Mataarbeschter esou gutt wéi méiglech ze schützen.

Securepoint Wortmann Premium Partner Kaspersky